23 octobre 2019

Général   





RTL Rebound app
RTL Rebound - Laurent Schmit

21 octobre 2019
Calendrier 2019-2020
cliquez ici

13 octobre 2019
New DigiBou package 1.5.5.5
cliquez ici

>> Toutes les mises à jour
Actualités

U16 Garçons : FIBA U16M European Championship Div C: Mat enger Victoire géint Albanien qualifizéiert Lëtzebuerg sech fir Halleffinall


ALBANIEN - LËTZEBUERG 52:93
(9-24/14-22/12-27/17-20)
 
Haut stoung de Match géint Albanien um Programm. Den Enjeu war grouss well et drëm gaangen ass sech eng Platz an der Halleffinall ze sécheren.
 
D'rout Léiwe si gutt an de Match gestart a konnten duerch eng aggressiv Defense iwwert de ganzen Terrain schnell en Ecart realiséieren. Um Enn vum éischte Véierel stoung et 24:9. 
Am zweete Véierel konnte mir den Tempo héich halen an eise Virsprong ausbauen. Eenzege Bemol war datt eise Géigner d'Rebounde bis dohin dominéiert haten.
 
Genau dat konnte mer am drëtte Véierel verhënneren, mir hunn wéineger Offensiv Rebounde zougelooss a konnten och eis Turnovers op engem eenzegen halen. Offensiv konnte mer den Tempo héich halen.
 
Iwwert de gesamte Match konnt den Trainer Staff all Spiller asetzen. 
All eenzele Spiller deen agesat gouf, huet eng gutt Leeschtung bruecht esou datt jiddereen sech konnt an d'Scorerlecht androen.
 
Muer hunn mir eisen zweete Roudag. Et steet ee kuerzen Training an ee kulturellen Ausfluch an d'Haaptstad Tirana um Programm.
 
 
Fir Lëtzebuerg hunn gespillt : 
HANSEN Pit 4, JONSSON Lenny 5 (1), LOGELIN Max 10 (2), MUSY Maxence 2, STREEF Sam 7, BAUSTERT Pierre 9, TOUSSAINT Nicolas 5 (1), THILL Damien7, JACOBS Alain 2, DIDERICH Jonathan 28 (4), KURESEVIC Ivor 7 (1),  LARUSSO Matteo 7
 



Date : 19 juillet 2019 - Heure : 11:23:58



>> Autres actualités de catégorie 'U16 Garçons'
>> Toutes les actualités

>> Présentation cadre 'U16 Garçons'
Recherche FLBB.LU :
GENERAL | ADMINISTRATIF | NATIONAL | INTERNATIONAL | RELATIONS | CONTACTS





Copyright © 2004-2019 par FLBB. Tous droits réservés. Hébergement par e-hosting.lu.
Pour des questions ou commentaires, veuillez contacter info@flbb.lu