23 octobre 2019

Général   





RTL Rebound app
RTL Rebound - Laurent Schmit

21 octobre 2019
Calendrier 2019-2020
cliquez ici

13 octobre 2019
New DigiBou package 1.5.5.5
cliquez ici

>> Toutes les mises à jour
Actualités

U16 Garçons : U16M European Championship Div C: Lëtzebuerg steet an der Finall


Haut war et dann esou weit. D'rout Léiwe sinn ugetruede fir sech mat Wales ze moossen. 

An engem nervöse Match hunn mir ni richteg eise Rhythmus fonnt an hunn och net esou vu bausse getraff, wei mir dat soss gemaach hunn.

Déi zwou Equippen hunn sech zäitweis defensiv neutraliséiert an et sinn net vill Punkte gefall. Deen gréissten Ënnerscheed war 10 Punkten zu eise Gonschten.

Nodeems de Lenny Jonsson sech um Fouss verletzt huet, wollt d'Equipe dëse Match fir hie gewannen.

Mee d'Waliser hunn ëmmer erëm zeréck geschloen a sinn och selwer dunn a Féierung gaangen.

Am leschte Véierel ass et genau esou weider gaangen. D'Féierung huet permanent gewiesselt.

De Jonathan Diederich, eisen Topscorer bis dohin, huet 5 Minutte viru Schluss, op Grond vu senger 2ten onsportlechem Feeler, den Terrain misse verloossen. Dat huet eis dee Moment aus dem Rhythmus geheit.

Déi lescht Minutt huet et esou ausgesi wei wann de Match zu Gonschte vun de Waliser géing ausgoen, éier d'Jongen een 8:2, ee Lay up an zwee 3er, dovun ee 4 Sekonne viru Schluss, getraff hunn.

Déi lescht 4 Sekonnen hunn d'Lëtzebuerger konzentréiert verteidegt an d'Waliser zou engem schwéiere Schoss gezwongen deen säin Ziel net getraff huet.

D'Equipe huet sech dësen Erfolleg méi ewéi verdéngt, an ass prett fir d'Finale géint Andorra ze spillen.

 

Fir Lëtzebuerg hunn gespillt :

HANSEN Pit 2, JONSSON Lenny, LOGELIN Max 8 (2), MUSY Maxence DNP, STREEF Sam , BAUSTERT Pierre , TOUSSAINT Nicolas 5, THILL Damien 20 (6) , JACOBS Alain DNP , DIEDERICH Jonathan 17 (1), KURESEVIC Ivor 5,  LORUSSO Matteo DNP.



Date : 21 juillet 2019 - Heure : 15:24:06



>> Autres actualités de catégorie 'U16 Garçons'
>> Toutes les actualités

>> Présentation cadre 'U16 Garçons'
Recherche FLBB.LU :
GENERAL | ADMINISTRATIF | NATIONAL | INTERNATIONAL | RELATIONS | CONTACTS





Copyright © 2004-2019 par FLBB. Tous droits réservés. Hébergement par e-hosting.lu.
Pour des questions ou commentaires, veuillez contacter info@flbb.lu