23 octobre 2019

Général   





RTL Rebound app
RTL Rebound - Laurent Schmit

21 octobre 2019
Calendrier 2019-2020
cliquez ici

13 octobre 2019
New DigiBou package 1.5.5.5
cliquez ici

>> Toutes les mises à jour
Actualités

U16 Garçons : 1. Platz fir Lëtzebuerg bei den FIBA U16M European Championship Div C.


Fir d'Finale vun der Europameeschterschaft (Divisioun C) sinn d'rout Léiwe géint Andorra, de Vainqueur vum leschte Joer, ugetrueden.
D'Equipe aus Lëtzebuerg war gewarnt, well Andorra dëst Joer an der Halleffinall e bëssi iwwerraschend Schottland geschloen hat.
Eis Spiller si liicht nervös an de Match gestart, an haten an deenen 2 éischte Minutte Problemer zu hirem Spill ze fannen. Wou dunn och nach de Jonathan Diederich schnell mat 2 Feeler huet missen op der Bänk Platz huelen, hätt de Match kéinten an déi falsch Richtung kippen.
Andorra huet wei erwaart ganz aggressiv verdeidegt, an huet ëmmer erëm de schnellen Ofschloss gesicht. Besonnesch hire beschte Spiller, dee finalement och zum MVP vum Tournoi gewielt gouf, huet eis d'Liewe schwéier gemaach.

No enger éischter Auszäit hunn d'Spiller Schrëtt fir Schrëtt ugefaangen dem Spill hire Stempel opzedrécken.

Den éischte Véierel ass dunn och mat 22:10 zu onse Gonschten op en Enn gaangen.


Am zweete Véierel huet Andorra weider gekämpft, an huet probéiert den Ofstand ze verréngeren. Well am zweete Véierel net manner wéi 3 Starter fréizäiteg mat 2 Feeler belaascht waren, huet den Trainer-Staff misste rotéieren. Eis Jongen hunn dogéint gehalen, a soumat ass den zweete Quarter mat 17-17 ausgaangen.


No der Paus sinn d'Lëtzebuerger besser aus der Kabinn komm, an hunn fräi opgespillt. Mat e puer flotte Kombinatiounen an der Attaque, an enger besserer Kontroll an der Defense an am Rebound, huet sech ugedeit, dass een un en Erfolleg gleewe konnt. No 30 Minutte ware mir 61:38 fir.


Am leschte Véierel huet den Trainerstaff weider all Spiller Minutte ginn, a jidderee konnt weisen, dass hien seng Platz an dëser Equipe, resp. an dëser Finale verdéngt hat.
Andorra huet nach emol alles probéiert, an huet mat enger Full Court Presse an enger 1-3-1 Zone probéiert d'Spiller aus Lëtzebuerg ze veronsécheren. Dat as hinnen awer net gelongen. 
Mat der Schlusssirene stoung et 78:50, an d'rout Léiwe konnten hirer Freed fräie Laf loossen.
 


Erwier ze hiewen ass, dass nieft enger staarker Equipeleeschtung, och nach 2 vun eise Spiller an den Top 5 vum Turnéier gewielt gi sinn. Dëst sinn den Damien Thill an de Jonathan Diederich.


 
D'Equipe huet sech dësen Erfolleg net nëmmen iwwert déi lescht 11 Deeg verdéngt. Et ass d'Resultat vun 10 Méint haardem Schaffen um Training am Centre de Formation an am Veräin. Nodeems si d'läscht Joer ofgestige waren, konnten si sech mat dëser Victoire zréckkafen, an den Opstig perfekt maachen.


 
Ee grousse Merci geet och un all d'Elteren an un all déi aner Persounen déi eis an dësem Joer ënnerstëtzt hunn. 
 
De Coaching-Staff ass houfreg op all eenzele Spiller, an hofft, dass si och an Zukunft weider sou fläisseg un sech schaffen, fir all Dag ee Stéck besser ze ginn.
 
🇱🇺 Fir Lëtzebuerg hunn gespillt:


HANSEN Pit 7, JONSSON Lenny DNP (injury), LOGELIN Max 13 (2), MUSY Maxence 6, STREEF Sam 9, BAUSTERT Pierre 3, TOUSSAINT Nicolas 6, THILL Damien 7 (1) , JACOBS Alain, DIEDERICH Jonathan 17, KURESEVIC Ivor 14, LORUSSO Matteo 2
 
Let's make it happen!!! 🇱🇺💯🏀
 



Date : 23 juillet 2019 - Heure : 10:22:16



>> Autres actualités de catégorie 'U16 Garçons'
>> Toutes les actualités

>> Présentation cadre 'U16 Garçons'
Recherche FLBB.LU :
GENERAL | ADMINISTRATIF | NATIONAL | INTERNATIONAL | RELATIONS | CONTACTS





Copyright © 2004-2019 par FLBB. Tous droits réservés. Hébergement par e-hosting.lu.
Pour des questions ou commentaires, veuillez contacter info@flbb.lu