18 septembre 2019

Général   





RTL Rebound app
RTL Rebound - Laurent Schmit

18 juillet 2019
Calendrier 2019-2020
cliquez ici

11 septembre 2018
DigiBou Newsletter 5 bis
cliquez ici

>> Toutes les mises à jour
Actualités : U16 Garçons


1. Platz fir Lëtzebuerg bei den FIBA U16M European Championship Div C.
23 juillet 2019

Fir d'Finale vun der Europameeschterschaft (Divisioun C) sinn d'rout Léiwe géint Andorra, de Vainqueur vum leschte Joer, ugetrueden.
D'Equipe aus Lëtzebuerg war gewarnt, well Andorra dëst Joer an der Halleffinall e bëssi iwwerraschend Schottland geschloen hat.
Eis Spiller si liicht nervös an de Match gestart, an haten an deenen 2 éischte Minutte Problemer zu hirem Spill ze fannen. Wou dunn och nach de Jonathan Diederich schnell mat 2 Feeler huet missen op der Bänk Platz huelen, hätt de Match kéinten an déi falsch Richtung kippen.
Andorra huet wei erwaart ganz aggressiv verdeidegt, an huet ëmmer erëm de schnellen Ofschloss gesicht. Besonnesch hire beschte Spiller, dee finalement och zum MVP vum Tournoi gewielt gouf, huet eis d'Liewe schwéier gemaach.

No enger éischter Auszäit hunn d'Spiller Schrëtt fir Schrëtt ugefaangen dem Spill hire Stempel opzedrécken.

Den éischte Véierel ass dunn och mat 22:10 zu onse Gonschten op en Enn gaangen.


Am zweete Véierel huet Andorra weider gekämpft, an huet probéiert den Ofstand ze verréngeren. Well am zweete Véierel net manner wéi 3 Starter fréizäiteg mat 2 Feeler belaascht waren, huet den Trainer-Staff misste rotéieren. Eis Jongen hunn dogéint gehalen, a soumat ass den zweete Quarter mat 17-17 ausgaangen.


No der Paus sinn d'Lëtzebuerger besser aus der Kabinn komm, an hunn fräi opgespillt. Mat e puer flotte Kombinatiounen an der Attaque, an enger besserer Kontroll an der Defense an am Rebound, huet sech ugedeit, dass een un en Erfolleg gleewe konnt. No 30 Minutte ware mir 61:38 fir.


Am leschte Véierel huet den Trainerstaff weider all Spiller Minutte ginn, a jidderee konnt weisen, dass hien seng Platz an dëser Equipe, resp. an dëser Finale verdéngt hat.
Andorra huet nach emol alles probéiert, an huet mat enger Full Court Presse an enger 1-3-1 Zone probéiert d'Spiller aus Lëtzebuerg ze veronsécheren. Dat as hinnen awer net gelongen. 
Mat der Schlusssirene stoung et 78:50, an d'rout Léiwe konnten hirer Freed fräie Laf loossen.
 


Erwier ze hiewen ass, dass nieft enger staarker Equipeleeschtung, och nach 2 vun eise Spiller an den Top 5 vum Turnéier gewielt gi sinn. Dëst sinn den Damien Thill an de Jonathan Diederich.


 
D'Equipe huet sech dësen Erfolleg net nëmmen iwwert déi lescht 11 Deeg verdéngt. Et ass d'Resultat vun 10 Méint haardem Schaffen um Training am Centre de Formation an am Veräin. Nodeems si d'läscht Joer ofgestige waren, konnten si sech mat dëser Victoire zréckkafen, an den Opstig perfekt maachen.


 
Ee grousse Merci geet och un all d'Elteren an un all déi aner Persounen déi eis an dësem Joer ënnerstëtzt hunn. 
 
De Coaching-Staff ass houfreg op all eenzele Spiller, an hofft, dass si och an Zukunft weider sou fläisseg un sech schaffen, fir all Dag ee Stéck besser ze ginn.
 
🇱🇺 Fir Lëtzebuerg hunn gespillt:


HANSEN Pit 7, JONSSON Lenny DNP (injury), LOGELIN Max 13 (2), MUSY Maxence 6, STREEF Sam 9, BAUSTERT Pierre 3, TOUSSAINT Nicolas 6, THILL Damien 7 (1) , JACOBS Alain, DIEDERICH Jonathan 17, KURESEVIC Ivor 14, LORUSSO Matteo 2
 
Let's make it happen!!! 🇱🇺💯🏀
 
.


U16M European Championship Div C: Lëtzebuerg steet an der Finall
21 juillet 2019

Haut war et dann esou weit. D'rout Léiwe sinn ugetruede fir sech mat Wales ze moossen. 

An engem nervöse Match hunn mir ni richteg eise Rhythmus fonnt an hunn och net esou vu bausse getraff, wei mir dat soss gemaach hunn.

Déi zwou Equippen hunn sech zäitweis defensiv neutraliséiert an et sinn net vill Punkte gefall. Deen gréissten Ënnerscheed war 10 Punkten zu eise Gonschten.

Nodeems de Lenny Jonsson sech um Fouss verletzt huet, wollt d'Equipe dëse Match fir hie gewannen.

Mee d'Waliser hunn ëmmer erëm zeréck geschloen a sinn och selwer dunn a Féierung gaangen.

Am leschte Véierel ass et genau esou weider gaangen. D'Féierung huet permanent gewiesselt.

De Jonathan Diederich, eisen Topscorer bis dohin, huet 5 Minutte viru Schluss, op Grond vu senger 2ten onsportlechem Feeler, den Terrain misse verloossen. Dat huet eis dee Moment aus dem Rhythmus geheit.

Déi lescht Minutt huet et esou ausgesi wei wann de Match zu Gonschte vun de Waliser géing ausgoen, éier d'Jongen een 8:2, ee Lay up an zwee 3er, dovun ee 4 Sekonne viru Schluss, getraff hunn.

Déi lescht 4 Sekonnen hunn d'Lëtzebuerger konzentréiert verteidegt an d'Waliser zou engem schwéiere Schoss gezwongen deen säin Ziel net getraff huet.

D'Equipe huet sech dësen Erfolleg méi ewéi verdéngt, an ass prett fir d'Finale géint Andorra ze spillen.

 

Fir Lëtzebuerg hunn gespillt :

HANSEN Pit 2, JONSSON Lenny, LOGELIN Max 8 (2), MUSY Maxence DNP, STREEF Sam , BAUSTERT Pierre , TOUSSAINT Nicolas 5, THILL Damien 20 (6) , JACOBS Alain DNP , DIEDERICH Jonathan 17 (1), KURESEVIC Ivor 5,  LORUSSO Matteo DNP.

.


FIBA U16M European Championship Div C: Mat enger Victoire géint Albanien qualifizéiert Lëtzebuerg sech fir Halleffinall
19 juillet 2019

ALBANIEN - LËTZEBUERG 52:93
(9-24/14-22/12-27/17-20)
 
Haut stoung de Match géint Albanien um Programm. Den Enjeu war grouss well et drëm gaangen ass sech eng Platz an der Halleffinall ze sécheren.
 
D'rout Léiwe si gutt an de Match gestart a konnten duerch eng aggressiv Defense iwwert de ganzen Terrain schnell en Ecart realiséieren. Um Enn vum éischte Véierel stoung et 24:9. 
Am zweete Véierel konnte mir den Tempo héich halen an eise Virsprong ausbauen. Eenzege Bemol war datt eise Géigner d'Rebounde bis dohin dominéiert haten.
 
Genau dat konnte mer am drëtte Véierel verhënneren, mir hunn wéineger Offensiv Rebounde zougelooss a konnten och eis Turnovers op engem eenzegen halen. Offensiv konnte mer den Tempo héich halen.
 
Iwwert de gesamte Match konnt den Trainer Staff all Spiller asetzen. 
All eenzele Spiller deen agesat gouf, huet eng gutt Leeschtung bruecht esou datt jiddereen sech konnt an d'Scorerlecht androen.
 
Muer hunn mir eisen zweete Roudag. Et steet ee kuerzen Training an ee kulturellen Ausfluch an d'Haaptstad Tirana um Programm.
 
 
Fir Lëtzebuerg hunn gespillt : 
HANSEN Pit 4, JONSSON Lenny 5 (1), LOGELIN Max 10 (2), MUSY Maxence 2, STREEF Sam 7, BAUSTERT Pierre 9, TOUSSAINT Nicolas 5 (1), THILL Damien7, JACOBS Alain 2, DIDERICH Jonathan 28 (4), KURESEVIC Ivor 7 (1),  LARUSSO Matteo 7
 
.


FIBA U16M European Championship Div C: Lëtzebuerg verléiert géint Schotlland
18 juillet 2019

Lëtzebuerg - Schottland 63-76
(25-18/10-22/19-19/9-17)

Gëscht haten déi rout Léiwen hiren wichtegen Match géint Schottland.
Mier sinn ganz gutt an de Match gestart. D'Schotten konnten hier aggressive Presse net ëmsetzen, an d'Lëtzebuerger hunn hiert Spill gutt ëmgesat.
Den éischten Véierel ass mat 25-18 un eis gaangen.
Am zweeten Véierel hunn mir eis d'Liewen dunn selwer schwéier gemaach an konnten defensiv net dogeingt halen. Duerch einfach Punkten sinn d'Schotten mat 40-35 an d'Pause gaangen.
No engem schlechten Start am drëtten Véierel huet d'Equipe sech erëm Punkt fir Punkt erun gekämpft, an konnt dësen Véierel gläich spillen.
Am leschten Véierel hunn d'Lëtzebuerger weider gekämpft, hunn allerdéngs eng Rei vun einfachen Punkten net gemaach an doduerch verpasst d'Lach zou ze maachen. Esou datt dësen Match e bessert Enn fir d'Equipe aus Schottland hat.

Fir Lëtzebuerg hunn gespillt :

HANSEN Pit 2, JONSSON Lenny 4 (1) LOGELIN Max 16 (1), MUSY Maxence, STREEF Sam, BAUSTERT Pierre 2, TOUSSAINT Nicolas 11 (1) , THILL Damien 6 (2), JACOBS Alain, DIDERICH Jonathan 11 (1), KURESEVIC Ivor 9, LARUSSO Matteo 2

Haut um 19h45 gelt et géingt d'Heemequipe aus Albanien ze gewannen fir sech eng Platz an der Halleffinalle ze sécheren. Och dëst gëtt sécherlech en haart ëmkämpften Match. 

.


FIBA U16M European Championship, Div C: Luxemburg feiert den zweiten Sieg
15 juillet 2019

Spiel 2: San Marino - Luxemburg 33 - 103 (15-26/5-23/6-27/7-27)

Im heutigen Spiel gelang es den luxemburgischen Löwen ihren zweiten Sieg einzufahren.

Nach einem anständigen Start konnte man das Tempo bis zum Ende hochhalten. Alle Spieler kamen zu Einsatz.

Morgen steht der Ruhetag an, ehe man versuchen wird sich gegen eine starke schottische Mannschaft, welche bis jetzt auch ungeschlagen ist, durchzusetzen.

Der Gewinner sichert sich eine gute Ausgangsposition für den Einzug ins Halbfinale.

Für Luxemburg:

HANSEN Pit 6, JONSSON Lenny 11 (1), LOGELIN Max 11 (1), MUSY Maxence 4, STREEF Sam 11, BAUSTERT Pierre 4, TOUSSAINT Nicolas 9, THILL Damien 10, JACOBS Alain 6, DIEDERICH Jonathan 20, KURESEVIC Ivor 11, LORUSSO Matteo

.


FIBA U16M European Championship, Div C.: Sieg im ersten Spiel für Luxemburg.
15 juillet 2019

Luxemburg - Moldawien 97:55 (27-14/31-15/26-12/13-14)

Im letzten Spiel des Tages feierte die luxemburgische Mannschaft ihren ersten Sieg.

Nach einem mäßigen Start verschärfte das Team Mitte des ersten Viertels die Defense und kam so zu einfachen Punkten. Im zweiten Viertel gelang es einen kompfortablen  Vorsprung heraus zu spielen. Alle zwölf Spieler kamen zum Einsatz und konnten so für Luxemburg punkten.

Morgen steht das zweite Spiel gegen San Marino auf dem Programm. Die Luxemburger sind motiviert und wollen ihre Leistung von Spiel zu Spiel steigern.

Neben San Marino warten auch noch die Heimmannschaft aus Albanien und Mitfavorit Schottland auf uns.

Für Luxemburg spielten:

HANSEN Pit 6, JONSSON Lenny 2, LOGELIN Max 13 (3 Dreier), MUSY Maxence 6, STREEF Sam 13, BAUSTERT Pierre 11 (1), TOUSSAINT Nicolas 10, THILL Damien 16, JACOBS Alain 4, DIDERICH Jonathan 6, KURESEVIC Ivor 2, LARUSSO Matteo 8 (1).

.


FIBA U16M European Championship (Div C)
13 juillet 2019

Nach den U18 Mädchen, und den U20 Men, sind es nun die U16 Jungs, die sich auf den Weg zur Europameisterschaft machen, um Luxemburg zu vertreten.

Die European Championships für unsere U16 Men finden vom 14ten bis zum 21ten Juli in Tirana (Albanien) statt.

In der Gruppe B trifft die Mannschaft um Trainer Chris Wulff und Christian Nittler auf San Marino, Moldawien, Schottland und Albanien. Besonders Schottland und die Heimmannschaft aus Albanien dürften in dieser Gruppe die beiden schwersten Gegner sein. 

Oberstes Ziel der Kampagne soll sein, sich von Spiel zu Spiel steigern, und die eigene Erwartungshaltung zu erfüllen. Die Mannschaft hat in der Vorbereitung angedeutet, dass sie fähig ist als Team zu spielen, und so auch mit vermeintlich stärkeren Gegnern mitzuhalten, oder bestenfalls sogar zu gewinnen. 

In den beiden Exchanges, gegen Portugal und Irland konnten wertvolle Erkenntnisse und Erfahrungen gesammelt werden. Das Team hat gezeigt, dass es auch in schweren Momenten, respektive bei Rückstand, geschlossen reagieren kann, und fähig ist ein Spiel zu drehen. Diese, über die gesamte Vorbereitungsdauer gesammelten Fähigkeiten, gilt es nun in Albanien umzusetzen. Das Team ist bereit und freut sich auf die bevorstehende Aufgabe.

 

Kader:

HANSEN Pit,                         30/07/2003, Residence Walferdange

JONSSON Lenny,                28/04/2003, Amicale Steinsel

LOGELIN Max,                     17/06/2003, Sparta Bertrange

MUSY Maxence,                 12/09/2003, Trierer Ballsport

STREEF Sam,                         03/12/2003, Musel Pikes

BAUSTERT Pietro,              09/07/2003, Amicale Steinsel

TOUSSAINT Nicolas,         23/01/2003, Sparta Bertrange

THILL Damien,                    28/03/2003, Basket Esch

JACOBS Alain,                      11/01/2004, Residence Walferdange

DIEDERICH Jonathan,     25/04/2003, Team Ehingen Urspring

KURESEVIC Ivor,                 02/05/2003, Amicale Steinsel

LORUSSO Matteo,             16/04/2004, Amicale Steinsel

 

HEAD Coach        :                WULFF Christian

Assistant Coach :               NITTLER Christian

Physio                    :                DUSTERT Michele

Team Manager :                  SCHAEFFER Alain

Referee:                                   MOUTON Marc

 

Gruppe B :

San Marino

Schottland

Moldawien

Albanien

Luxemburg

 

Gruppenphase :

14.07    20h15 Luxemburg – Moldavien

15.07    16h30 San Marino – Luxemburg

17.07    18h45 Luxemburg – Schottland

18.07    19h45 Albanien – Luxemburg

 

Luxemburgischer Schiedsrichter bei der U16 EM ist Marc Mouton, somit ist auch unserer dritter FIBA Schiedsrichter jetzt im Einsatz. 

.


1 Sieg für die U16 Jungs beim Irland Austausch
30 juin 2019

U16 Men Irland Exchange 🇱🇺🏀🇨🇮

 

28.06.2019
Spiel 1 : Luxemburg - Irland 62:61 (10-22/15-11/13-13/24-15)

HANSEN Pit 8 (1), JOHNSSON Lenny, LOGELIN Max 5, MUSY Maxence, STREEF Sam, BAUSTERT Pierre 6, TOUSSAINT Nicolas, THILL Damien 18 (3), JACOBS Alain, DIDERICH Jonathan 5, KURESEVIC Ivor 18, LARUSSO Matteo

29.06.2019
Spiel 2 Luxemburg - Irland
48:73 (11-15/9-21/17-27/11-10)

HANSEN Pit 2, JONSSON Lenny 2, LOGELIN Max 8 (2), MUSY Maxence, STREFF Sam 1, BAUSTERT Pierre 3, TOUSSAINT Nicolas 7 (1), THILL Damien 11 (1), URWALD Ben, DIDERICH Jonathan 10, KURESEVIC Ivor 4, LARUSSO Matteo

30.06.2019
Spiel 3 Luxemburg - Irland
72-77 (24-16/13-11/18-34/17-16)

HANSEN Pit 14 (2), JONSSON Lenny, LOGELIN Max 13 (3), MUSY Maxence, SCHELTIEN Dorian, BAUSTERT Pierre 6, TOUSSAINT Nicolas 3 (1), THILL Damien 8 (2), JACOBS Alain 2, DIDERICH Jonathan 10, KURESEVIC Ivor 11, VASIC Nicolas

 

.


U16 Men Luxembourg – Ireland Exchange
27 juin 2019

Im Kader der Vorbereitungen auf die Europameisterschaft (Div C), die vom 14. bis zum 21. Juli in Albanien stattfindet, stehen an diesem Wochenende weitere Testspiele auf dem Programm. Die Luxemburgische U16 männliche Nationalmannschaft misst sich in drei Spielen gegen Ihre Altersgenossen aus Irland. 

Alle Spiele finden in Oberanven statt:

Centre Sportif “Am Sand”

L-6999 Oberanven

 

Programm: 

28.06. 19h00 Luxemburg-Irland

29.06. 18h00 Luxemburg-Irland

30.06. 11h00 Luxemburg-Irland

 

Kader:  

BAUSTERT Pietro Nicolas, Amicale Steesel

DIEDERICH Jonathan, Urspring (Ehingen)

HANSEN Pit, Résidence Walfer

JACOBS, Alain, Résidence Walfer

JONSSON THORSTEINSSON Lenny, Amicale Steesel

KOERFER Louis, Résidence Walfer

KURESEVICIvor, Amicale Steesel

LOGELIN Max, Sparta Bartréng

LORUSSO Matteo, Amicale Steesel

MUSY Maxence, Gladiators Trier (GER)

SCHELTIEN Dorian, Amicale Steesel

STREEF Sam, Musel Pikes

THILLDamien, Basket Esch

TOUSSAINT Nicolas, Sparta Bartréng

URWALD Ben, Résidence Walfer

VASIC Nikola, Racing Lëtzebuerg

 

Chris Wulff, Head Coach

Christian Nittler, Ass. Coach

Alain Schaeffer, Team Manager

Michèle Dustert, Physio

.


2 Siege in Portugal für die U16 Jungs
11 juin 2019

Op dësem verlängerten Paischt-Weekend hun d'Jongen vum Centre de Formation, CFBB-U16M, 3 Matcher gespillt géint verschidden Selektiounen aus Portugal.
 
Allen 3 Matcher waren spillerësch an physësch immens usprochsvoll.
Dovunner konnten dei 2 éischt Matcher gewonnen gin. 
 
Och am drëtten Match hun d'roud Léiwen der portugiesecher Formatioun bis zur Halschend alles ofverlangt.
 
Nodems schon 1 Spiller wéint Féiwer net konnt oplafen, waren et am 3ten an 4ten Véirel net manner wéi 3 Spiller déi verletzungsbedingt nach hun missen mei kuerz trieden.
Nichtsdestotrotz hun d'Jongen ëm den Chris WULFF an Christian NITTLER laang spillerësch matgehal. Den Trainer-Staff huet all sengen Spiller eng Chance gin, géint déi kierperlëch iwerleen Portugiesen wichtëg Erfahrungen ze sammelen.
D'Resultat as zum Schluss méi héich ausgefall wéi d'Spiller sech et erhofft an virgehol haten.
 
Trotzdem sin d'Coaches zefridden mat der Leeschtung vun hieren Spiller. Ee Géigner den d'läscht Joer nach onerreschbar war, konnt dëst Joer erausgefuedert gin.
 
Den Exchange zu Lissabon war ee vollen Erfollëg. D'Spiller sin souwuel um Terrain wéi och ausserhalb vum Terrain méi no als Equipe zesummengewuess, an den Traineren huet dësen Stage ee gudden Abléck gin, wourunner bis zur EM an Albanien vum 14.07.2019 - 21.07.2019 nach muss geschafft gin.
 
Den nächsten Rendez-vous fir d'U16 Jongen as den Ireland-Exchange vum 28.06.2019- 30.06.2019 zu Nidderanven wou 3 Matcher um Programm stin géint eng Equipe aus Irland déi un der EM an der B-Division deelhëlt.
 
🏀 Game 1
CFBB Lëtzebuerg - Paço Arcos U18M: 91-51
(15-16, 26-10, 19-15, 31-10)
 
🇱🇺 Fir Lëtzebuerg hu gespillt: 
Pit Hansen 6, Lenny Jonsson Thorsteinsson 5 (1 Dreier), Max Logelin 16 (2 Dreier), Maxence Musy DNP, Sam Streef 8, Pietro Nicola Baustert 6, Nicolas Toussaint 0, Damien Thill 13 (3 Dreier), Alain Jacobs 2, Jonathan Diederich 14, Ivor Kuresevic 16 (2 Dreier), Louis Koerffer 5.

🏀 Game 2
CFBB Lëtzebuerg - Portugal U15M: 79-74
(14-18, 21-19, 22-16, 22-21)

🇱🇺 Fir Lëtzebuerg hu gespillt: 
Pit Hansen 5 (1 Dreier), Lenny Jonsson Thorsteinsson 3 (1 Dreier), Max Logelin 23 (6 Dreier), Maxence Musy (DNP/injured), Sam Streef 3, Pietro Nicola Baustert 6, Nicolas Toussaint (DNP/sick), Damien Thill 10 (2 Dreier), Alain Jacobs 0, Jonathan Diederich 11 (1 Dreier), Ivor Kuresevic 18 (1 Dreier), Louis Koerffer 0.
 
🏀 Game 3
CFBB Lëtzebuerg - Portugal U16M: 63-92
(17-31, 24-11, 8-22, 14-28)

🇱🇺 Fir Lëtzebuerg hu gespillt: 
Pit Hansen 6, Lenny Jonsson Thorsteinsson 2, Max Logelin 15 (4 Dreier), Maxence Musy 2, Sam Streef 4, Pietro Nicola Baustert 3 (1 Dreier), Nicolas Toussaint DNP/sick, Damien Thill 11 (1 Dreier), Alain Jacobs 1, Jonathan Diederich 14 (2 Dreier), Ivor Kuresevic 4, Louis Koerffer 1.
 

 

.


<< Toutes les actualités
Page prochaine >>

Recherche FLBB.LU :
GENERAL | ADMINISTRATIF | NATIONAL | INTERNATIONAL | RELATIONS | CONTACTS





Copyright © 2004-2019 par FLBB. Tous droits réservés. Hébergement par e-hosting.lu.
Pour des questions ou commentaires, veuillez contacter info@flbb.lu