19 septembre 2019

Général   





RTL Rebound app
RTL Rebound - Laurent Schmit

18 juillet 2019
Calendrier 2019-2020
cliquez ici

11 septembre 2018
DigiBou Newsletter 5 bis
cliquez ici

>> Toutes les mises à jour
Actualités

U16 Filles : FIBA U16W European Championship Div B: Lëtzebuerg verléiert knapp géint Slowakei


Slowakei – Lëtzebuerg 63-60 (18-12, 15-21, 19-13, 11-14)


 
Virgabe vum Coaching Staff fir dëse Match waren, dem Spill eise Rhythmus opzedrécken andeem mer schnell an aggressiv spillen a virun allem Defense mat engem gudde Box Out ofschléissen. Mat dësem leschte Punkt hunn Meedercher sech schwéier gedoen, Slowakei koum zum Schluss op 30 offensiv Rebounde.
 
Generell war Verdeitegung an der 2. Halschent besser, mee leider war Reussite net ëmmer do, ze vill einfach Schëss si laanscht gaangen. Meedercher hunn trotzdeem ni opginn an en tëschenzäitleche Réckstand vu 10 Punkten nees gutt gemaach. Sou datt et an eng spannend Schlussphase konnt goen. Hei war de Match ganz ausgeglach an all Equipe sinn ofwiesselend wichteg Aktioune gelongen. Zwou Minutte viru Schluss war Lëtzebuerg nach 2 Punkte vir (55-57), duerno sollt de Slowaken awer ee 5-0 Laf geléngen dee Lëtzebuerg den Erfolleg kascht huet.
 
Elo zielt et, sech schnell op den nächste Match virzebereeden. Lëtzebuerg spillt haut um 15h00 géint Montenegro fir Platzen 13-16.
 
Fir Lëtzebuerg hunn gespillt:
Lore Rollmann 6, Sara Schmitz 2, Lea Colbach, Chloé Whitman 5 (1 Dreier), Liz Rollmann 4, Kyra Coulon, Marie Stoffel 10 (2 Dreier)/ 8 Reb, Rocana Burgund 2, Laetitia Schumacher, Zoé Braun 10, Anna Schreiber 15/ 7 Reb, Faith Ehi Etute 6/ 8 Reb. 
 



Date : 23 août 2019 - Heure : 11:16:33



>> Autres actualités de catégorie 'U16 Filles'
>> Toutes les actualités

>> Présentation cadre 'U16 Filles'
Recherche FLBB.LU :
GENERAL | ADMINISTRATIF | NATIONAL | INTERNATIONAL | RELATIONS | CONTACTS





Copyright © 2004-2019 par FLBB. Tous droits réservés. Hébergement par e-hosting.lu.
Pour des questions ou commentaires, veuillez contacter info@flbb.lu